Kelvin
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Temperatureenheet Kelvin. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Kelvin (Homonymie). |
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

De Kelvin (Eenheetenzeechen: K) ass eng Eenheet fir thermodynamesch Temperaturen, déi fir d'Ausdrécke vun Temperaturdifferenze benotzt gëtt. Et ass eng Basiseenheet am internationalen Eenheetesystem (SI).
Definitioun
[änneren | Quelltext änneren]De Kelvin gëtt duerch d'Boltzmann-Konstant definéiert. Dës Konstant gouf am Kader vun der Revisioun vum SI am Joer 2019 op de Wäert festgeluecht.
Ee Kelvin ass also déi Ännerung vun der thermodynamescher Temperatur T, déi enger Ännerung vun der thermescher Energie kBT vun exakt Joule entsprécht.
Zesummenhang mam Grad Celsius
[änneren | Quelltext änneren]Thermodynamesch Temperaturen an Celsius-Temperaturen hunn déi selwecht Skaléierung:
- 0 K = −273,15 °C (dat ass den absolutten Nullpunkt);
- 273,15 K = 0 °C;
- 274,15 K sinn 1 °C asw.;
- Eng Temperaturdifferenz vun 10 K ass d'selwecht wéi eng Differenz vun 10 °C.
De Kelvin gouf nom William Thomson, dem spéidere Lord Kelvin, genannt, dee mat 24 Joer déi thermodynamesch Temperaturskala agefouert huet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kelvin – Biller, Videoen oder Audiodateien |