St. Gallen
| Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| St. Gallen | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Schwäiz |
| Vewaltungseenheet | Bezierk St. Gallen |
| Buergermeeschter | Maria Pappa |
| Awunner | 78.863 |
| 31. Dezember 2024 | |
| Fläch | 39,41 km² |
| Héicht | 675 m |
| Koordinaten | 47°25'24"N, 9°22'38"O |
| Telefonszon | 071 |
| Postcode | 9000 |
| Websäit | https://www.stadt.sg.ch |
|
| |
|
| |
St. Gallen (fr. St-Gall, it. San Gallo, rät. Sogn Gagl) ass eng politesch Gemeng an d'Haaptstad vum Kanton St. Gallen an der ëstlecher Schwäiz. St. Gallen huet 78.863 Awunner (Stand 31. Dezember 2024)[1][2] a läit op enger Héicht vu 700 Meter.
D'Stad St. Gallen läit op der Steinach, engem Floss, deen an de Bodensee fléisst. Si gouf am 7. Joerhonnert gegrënnt a gëtt haut als de kulturellen a wirtschaftlechen Zentrum vun der Ostschwäiz betruecht. Si läit op den Haaptverkéiersstrecke St. Margrethen - Rorschach - St. Gallen - Winterthur - Zürich a Romanshorn - St. Gallen - Rapperswil - Luzern an ass d'Paart fir an d'Appenzellerland. Touristesch interessant ass d'Stad duerch seng Stëftskierch an d'Stëftsbibliothéik, déi vun der Unesco op d'Lëscht vum Weltkulturierwen opgeholl goufen. St. Gallen ass och wéinst senger Universitéit bekannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: St. Gallen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ https://www.bfs.admin.ch/bfs/de/home/statistiken/bevoelkerung/stand-entwicklung.assetdetail.36073822.html.
