Satellittenorbit
| Dësen Artikel entsprécht net de WikipediakrittÀre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell gelÀscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
E Satellittenorbit (lat. orbita = kreesfĂ«rmeg Linn) ass d'Ămlafbunn vun engem kĂ«nschtleche Satellit Ă«m en Zentralkierper wĂ©i e StĂ€r, e PlanĂ©it oder e Mound. DĂ«sen Artikel befaasst sech mat Satellitten am Ăerdorbit an hirer FluchhĂ©icht. Fir dĂ©i genee Beschreiwung vun der Fluchbunn brauch ee weider KĂ€rgrĂ©issten, dĂ©i d'Artikele Bunnenlement a Satellittebunnenelement erklĂ€ren.
Allgemenges
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]DĂ©i meescht Raumflich sinn an niddrege Bunnen (HĂ©icht e puer 100 km, ĂmlafzĂ€iten Ă«m 90 min) Ă«m d'Ăerd (z. B. Space-Shuttle-Missiounen). A mĂ«ttlerer HĂ©icht (23.000 km, 12 h ĂmlafzĂ€it) lĂ€it den Orbit vu villen Navigatiounssatellitten. Vu besonnescher Bedeitung ass d'geostationĂ€r Bunn a 35.800 km HĂ©icht (23h, 56min, 4,09s ĂmlafzĂ€it) mat BunneschrĂ©i 0°. Satellitten an deem Orbit stinn idealerweis bal iwwer engem Punkt vum Equator, wat besonnesch fir Kommunikatiouns- an Televisiounssatellitte vu Virdeel ass, well d'Antenne fest ausgeriicht kĂ«nne ginn an eng permanent Siichtverbindung zum Satellit besteet. Duerch d'Positioun iwwer dem Equator ass d'Ausnotzen an de Polarregiounen allerdĂ©ngs staark ageschrĂ€nkt oder guer net mĂ©iglech.
Aner Fuerderunge ginn un Ăerdobservatiounssatellitten oder Spionagesatellitte gestallt. DĂ©i sollen no MĂ©iglechkeet Plazen op der ganzer ĂerduewerflĂ€ch observĂ©iere kĂ«nnen. Dat geet am Ă€erdnoe Raum nĂ«mmen a polnoen Ămlafbunnen, woubĂ€i dobĂ€i de sonnesynchronen Orbit (SSO) par Rapport zum direkte Pol-zu-Pol-Orbit mĂ©i gĂ«nschteg ass. Bei den SSO-Bunne mĂ©cht de konstante SonnewĂ©nkel am ObservatiounsberĂ€ich d'AuswĂ€ertung an d'Klassifikatioun vun de gewonnenen ĂerdobservatiounsdonnĂ©eĂ«n mĂ©i liicht. DĂ©i relativ niddreg Ămlafbunn vereinfacht och d'Ophuele vun detailrĂ€iche Biller.
D'OfwĂ€ichunge vun der Ăerd vun der Kugelgestalt fĂ©ieren zu BunnestĂ©ierunge vun de Satellittebunnen. Duerch gravitativ AflĂ«ss kĂ«nnt et heiansdo och zu DrĂ©iunge vum ganze Bunneplang.
WÀrend et an deem Sënn fir jiddwer Satellittebunn en eegenen Orbit gëtt, gëtt de Begrëff Orbit am allgemenge Sënn fir deen een Orbit (net déi Orbitten) benotzt, deen am Ganzen deen Àerdnoe Raum beschreift, an deem d'Satellitte kreesen, beispillsweis wann et ëm "Sécherheet am Orbit"[1] oder "Konschtstécker am Orbit"[2] geet.
Satellittenorbitaarten
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Orbitten nieft dem Equator
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]Verleeft en Orbit net exakt iwwer dem Equator (wĂ©i bei geosynchronen Orbitten, kuckt Ă«nnen), formt hien am einfachste Fall e Krees, deem sĂ€i MĂ«ttelpunkt mat dem ĂerdmĂ«ttelpunkt zesummefĂ€lt. (DĂ©i follgend Iwwerleeung gĂ«llt driwwer eraus och fir Ellipsebunnen, dĂ©i net z'exzentresch sinn.) DĂ«se Bunneplang steet un Ă©ischter NĂ€herung (ouni relativistesch Effeten a StĂ©ierunge vu baussen) fest am Raum, wĂ€rend sech d'Ăerd mat hirer deeglecher Rotatioun dorĂ«nner ewechdrĂ©it. Op dĂ©i Aart a Weis verleeft d'âBuedemspuerâ vum Satellit an enger charakteristescher Wellebunn Ă«m d'Ăerd, dĂ©i sech vun Ămlaf zu Ămlaf verrĂ©ckelt. Bei uewerflĂ€chenno Ămlafbunnen (och LEO, kuckt Ă«nnen) ass d'ĂmlafzĂ€it zirka 100 Minutten, soudatt sech d'Bunn (am beschten ofliesbar bei de bĂ©ide SchnĂ«ttpunkte vun der Bunnellips mat dem Equatorplang) vun Ămlaf zu Ămlaf Ă«m ronn 25° a westlecher Richtung verrĂ©ckelt (d'Ăerd hat sech an dĂ€r ZĂ€it no Osten dorĂ«nner weidergedrĂ©it). Dat entstoend Wellemuster mat den parallelverrĂ©ckelten Ămlaf-Buedemspueren ass um Bild Ă«nnen z'erkennen. Bei enger Kreesbunn ass dĂ«st Muster Ă«mmer symmetresch zu der Equatorlinn.
Wat d'Bunn méi géi géint den Equator gebéit ass, ëmsou méi héich ginn d'Breeten zu de Polen hin.
Parkbunn
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]HĂ©icht: 150 bis 200 km, Ă«nner ĂmstĂ€nn och elliptesch Bunnen, dĂ©i mĂ©i heich oder mĂ©i dĂ©if leien.
Eng Parkbunn stellt an der Reegel eng mat wĂ©inegem Undriffsbedarf erreechbar Kreesbunn duer, dĂ©i dĂ©i meescht DrorakĂ©iten wĂ€rend dem Start vun enger Raumsond fir d'Ă©ischt ustĂ©ieren. Vun dĂ€r kann d'RakĂ©it dacks mĂ©i liicht an de Bunneplang vun der Fluchtbunn starten. No der Vermiessung dĂ€r beim Opstiig an d'Parkbunn opgetrueden Ongenauegkeete gĂ«tt d'ZĂŒndung a Richtung Zil berechent. Duerno verlĂ©isst d'RakĂ©it, um berechente Punkt, dacks schonn wĂ€rend dem Ă©ischten Ămlaf nees dĂ©i instabil Parkbunn. En ettlech RakĂ©itentyppe gebrauchen d'Park- oder TĂ«schebunnen och beim Start vu Satellitten a mĂ©i heich ĂerdĂ«mlafbunnen.
Low Earth Orbit (LEO)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
(Niddreg ĂerdĂ«mlafbunn)
- Héicht: 200 bis 2000 km
- Héichten tëscht 1200 an 3000 km Héicht sinn zwar theoreetesch denkbar, ginn awer wéinst der héijer Stralungsbelaaschtung duerch d'Van-Allen-Ceinture no Méiglechkeet net gebraucht.
- LEO-Bunne sinn dĂ©i energieĂ€ermst Bunnen an domat am liichtsten z'erreechen. Raumgefierter beweege sech do mat ongefĂ©ier 7 km/s. Fir en Ămlaf Ă«m d'Ăerd brauch si zirka 100 Minutten. D'VisualitĂ©it an domat de Funkkontakt zu enger Buedemstatioun ass hĂ©chstens 15 Minutten pro Ămlaf.
- Gëtt gebraucht fir:
- Bemannt Raumfaart (ausser den Apollo-Missiounen zum Ăerdmound) a Raumstatiounen
- Spionagesatellitten (beispillsweis amerikanesche Keyhole-Satellitten)
- astronomesch Satellitten (beispillsweis den Hubble-Teleskop)
- Ăerdobservatiouns- a Wiedersatellitten
- Amateurfunksatellitten
- Global Kommunikatiounssatellittensystemer (z. B. : Iridium)
- Fuerschungs- an Technologietestssatellitten (zum Beispill TUBSAT-N an TET (Satellit))
Sonnesynchronen Orbit (SSO)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  Haaptartikel zu dĂ«sem Theema: Sonnesynchronen OrbitÂ
Am SSO-Orbit passĂ©iert de Satellit e Punkt op der ĂerduewerflĂ€ch Ă«mmer zu der selwechter LokalzĂ€it ±12 Stonnen (LokalzĂ€it vum eropklammende Knuet, engl. (Time of Ascending Node), LTAN). D'Observatioune vu verschiddenen Deeg loosse sech mĂ©i liicht verglĂ€ichen, well sech beim selwechten AfallswĂ©nkel vun de Sonnestralen de Schiet an d'Reflexiounsverhale vun UewerflĂ€chen net verĂ€nnert.
Medium Earth Orbit (MEO)
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren](MĂ«ttel ĂerdĂ«mlafbunn)
- Héicht: tëscht 1.000 a 36.000 km
- Besonnesches: Bunnhéicht tëscht LEO a GEO
- Gëtt gebraucht fir:
- Global Kommunikatiounssatellittesystemer wéi Globalstar
- Navigatiounssatellitte wéi GPS, Galileo oder GLONASS
Geotransferorbit (GTO)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  Haaptartikel zu dĂ«sem Theema: GeostationĂ€r TransferbunnÂ
- HĂ©icht: 200â800 km Perigeum, 36.000 km Apogeum
- Besonnesches: Iwwergangsorbit, fir e GEO z'erreechen (kuckt och Hohmann-Transfer). De Perigeum gĂ«tt an de meeschte FĂ€ll vum Satellit selwer ugehuewen, andeems am Apogeum e RakĂ©itemotor gezĂŒnnt gĂ«tt. Verschidde RakĂ©iten wĂ©i dĂ©i russesch Proton, dĂ©i amerikanesch Titan IIIC, Titan IV Centaur, Atlas V an d'Delta IV an dĂ©i europĂ€esch Ariane 5 sinn an der Lag, Satellitten direkt am geostationĂ€ren Orbit auszesetzen.
Geosynchrone Orbit (GSO, IGSO)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  Haaptartikel zu dĂ«sem Theema: Geosynchron ĂmlafbunnÂ
En Orbit mat enger ĂmlafzĂ€it vun 23h56min04s, deem seng Bunn net onbedĂ©ngt kreesfĂ«rmeg oder um Equatorplang lĂ€it. Ass si verkippt, schwĂ€tzt ee vun engem Inclined geosynchronous orbit (IGSO), och Tundra-Orbit. Duerch BunnestĂ©ierungen, provozĂ©iert duerch onglĂ€ichmĂ©isseg Masseverdeelung vun der Ăerd, gi geostationĂ€r Satellitten an en IGSO iwwer, wa keng Bunnkorrekture gemaach ginn.
GeostationÀren Orbit (GEO)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Héicht: 35.786 km
D'Kreesbunn vun engem GeostationĂ€re Satellit lĂ€it Ă«mmer iwwer dem Ăerdequator. D'BunneschrĂ©i zum Equator ass 0 Grad. Bei BunneschrĂ©ien dĂ©i mĂ©i grouss wĂ©i Null sinn, gĂ©if de Satellit visuell vertikal zum Himmelsequator pendelen, soudatt en echte stationĂ€ren Orbit nĂ«mmen iwwer dem Equator mĂ©iglech ass.
- Gëtt benotzt fir:
D'Ofkierzung GEO leet sech vum engleschen: Geostationary Earth Orbit of.
Supersynchronen Orbit
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Héicht: > GEO-Orbit
E Satellit op engem supersynchronen Orbit kreest mat engem Apogeum mĂ©i hĂ©ich wĂ©i 35.786 km Ă«m d'Ăerd mĂ©i lues, wĂ©i si sech selwer drĂ©it. Bei hĂ©ijer Aschoss-Inklinatioun kann et mĂ©i gĂ«nschteg sinn, e geostationĂ€re Satellit amplaz op e GTO-Orbit fir d'Ă©ischt op e supersynchronen Transferorbit (SSTO) ze placĂ©ieren.
Highly Elliptical Orbit (HEO)
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
Highly-Elliptical-Orbit-Satellitten (HEO, engl. âSatellit mat hĂ©ichelliptescher Ămlafbunnâ) beweege sech op elliptesche Bunnen mat grousser ExzentrizitĂ©it, dat heescht groussem VerhĂ€ltnes vun Perigeum an Apogeum. Typesch WĂ€erter sinn 200 bis 15.000 km resp. 50.000 bis 400.000 km. HĂ©ichelliptesch Ăerdorbitten eegne sech fir Fuerschung, Telekommunikatioun a militĂ€resche Gebrauch. Beispiller sinn:
- Elliptesch Ămlafbunne fir Weltraumteleskopen, dĂ©i sech ganz laang ZĂ€it pro Ămlaf iwwer der Van-Allen-Stralungsceinture ophale sollen (Integral, EXOSAT oder IBEX).
- Transferbunn fir Raumgefierter, déi zum Mound fléien.
- Transferbunn fir Raumgefierter, déi zum L1 oder L2 fléien.
- Molnija-Orbiter: DĂ«st sinn HEO mat enger Inklinatioun zirka 60° an ongefĂ©ier 12 Stonnen ĂmlafzĂ€it. D'Inklinatioun, ĂmlafzĂ€it, Perigeum an Apogeum fir Satellitte vun der russescher Molnija-Baurei heeschen: 63°, 718 Min, 450â600 km, 40.000 km (Apogeum iwwer der Nordhallefkugel). Bei dĂ«ser SchrĂ©i verschwĂ«nnt dĂ©i duerch den Equatorwulst vun der Ăerd verursaacht PerigeumsdrĂ©iung vun der Bunn, soudatt dĂ©i gewĂ«nschte Lag vum Apogeum iwwer eng mĂ©i laang ZĂ€it erhale bleift. Satellitten op Molnija-Bunnen eegne sech favorisĂ©iert fir d'Versuergung vu Polargebidder. GeostationĂ€r Satellitte si wĂ©inst der klenger Elevatioun an dĂ«se Gebidder schlecht an uewerhalb vun 82° iwwerhaapt net mĂ©i z'empfĂ€nken. E Satellit mat enger ĂmlafzĂ€it vu 24 Stonne steet fir 2 bis 4 Stonnen am Ăerdschied, fir e ganzen Dag Ofdeckung brauch een 3 Satellitten.[3]
Kierfechtorbit
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  Haaptartikel zu dĂ«sem Theema: KierfechtorbitÂ
Mat Kierfechtorbit ginn Ămlafbunne bezeechent, op dĂ©i Satellitte kuerz virun hirem Enn manövrĂ©iert ginn.
- z. B. den Orbit zirka 300 km iwwer dem GEO-Orbit
Aner Ămlafbunnen
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]Ganz rar gebrauche Satellitten och Ămlafbunnen, dĂ©i sech an dĂ«sem Schema net anuerdne loossen. Zum Beispill liwweren d'Vela fir d'Opspiere vun uewerierdesche KĂ€rwaffentester op nĂ«mme liicht elliptesche ganz hĂ©ijen Ămlafbunnen tĂ«scht ongefĂ©ier 101.000 an 112.000 km HĂ©icht. DĂ«st ass ze hĂ©ich fir eng MEO-Bunn an ze wĂ©ineg elliptesch fir eng HEO-Bunn.
Vun theoreeteschem Interessi ass dĂ©i sougenannt Schuler-Period vun 84,4 Minutten. Et ass dĂ©i klengstmĂ©iglech ĂmlafzĂ€it vun engem Satellit, wann hien d'Ăerd op enger BunnhĂ©icht vun null Meter Ă«mkreese gĂ©if.
IwwerblĂ©ck vun den Ămlafbunnen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]| Orbit | GEO | MEO | LEO | Molnija-Orbits |
|---|---|---|---|---|
| HĂ©icht a km: | â 36.000 | 6.000â12.000 | 200â1.500 | zirka 400â40.000 |
| ĂmlafzĂ€it a Stonnen: | 24 | 5â12 | 1â5 | 12 |
| EmpfanksfĂ«nster fir Funk (bei optimaler geographescher Lag vun der Buedemstation): | Ă«mmer | 2â4 Stonnen | Ă«nner 15 Minutten | 8 Stonnen |
| fir dĂ©i global Versuergung notwendeg Zuel u Kommunikatiounssatellitten: | 3 (Polargebidder nĂ«mme bis max. 82° Breet) | 10â12 | 50â70 | 6, jee 3 fir dĂ©i nĂ«rdlech an dĂ©i sĂŒdlech Hallefkugel |
ĂmlafzĂ€it
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
D'ĂmlafzĂ€it U an -vitesse v an engem Orbit Ă«m een Zentralkierper gĂ«tt duerch d'Kepler Gesetzer bestĂ«mmt a kĂ«nne follgendermoosse berechent ginn:
- (1)
- (2)
mat
- U = d'ĂmlafzĂ€it,
- v = d'Ămlafvitess
- a = d'Grouss Hallefachs,
- M1 an M2 = d'Masse vum Zentralkierper a vum Satellit,
- G = d'Gravitatiounskonstant.
Mat engem ugehollenen Ăerdradius vu 6.371 km, enger Ăerdmass vu 5,974 âąÂ 1024 kg an der Gravitatiounskonstant 6,6742 âąÂ 10â11 m3kgâ1sâ2, souwĂ©i enger gĂ©intiwwer der Ăerdmass vernolĂ©issegter Satellittemass kann d'ĂmlafzĂ€it aus der BunnhĂ©icht h iwwer der ĂerduewerflĂ€ch wĂ©i follegt berechent ginn:
- (1a)
Ze beuechten ass, datt d'ĂmlafzĂ€it onofhĂ€ngeg vun der ExzentrizitĂ©it an domat vun der klenger Hallefachs vun der Bunn ass. All ellipsefĂ«rmeg Ămlafbunne mat der glĂ€ich grousser Hallefachs brauchen dĂ©i glĂ€ich ĂmlafzĂ€it.
Bei VernolĂ©issegung vun der Satellittemass vereinfacht sech d'Berechnung vun der Ămlafvitess (Rechegank kuckt bei uewerflĂ€chenno Ămlafbunnen):
- (2a)
mit
Liewensdauer
[Ànneren | Quelltext Ànneren]
NiddregflĂ©iend Satellitte sinn nĂ«mme kuerz op hirer Ămlafbunn Ă«m d'Ăerd. D'Reiwung mat der AtmosphĂ€r bremst si of a lĂ©isst si op d'Ăerd stierzen. Bei enger FluchhĂ©icht vun 200 km bleiwe si nĂ«mmem e puer Deeg op der Ămlafbunn. NiddregflĂ©iend Spionagesatellitte flĂ©ien aus dĂ«sem Grond op staark elliptesche Bunnen. Si verglousen erĂ©ischt, wa sech den Apogeum op zirka 200 km verklengert huet.
D'International Raumstatioun ISS kreest Ă«m d'Ăerd op engem Ofstand vun zirka 400 km a verlĂ©iert pro Dag 50 bis 150 m HĂ©icht. Ouni Bunnunhiewunge (engl. Reboost) gĂ©if si an e puer Joer verglousen. Ab enger HĂ©icht vun 800 km verbleiwen d'Satellitte mĂ©i wĂ©i 10 Joer am Raum, hĂ©ichflĂ©iend Satellitten praktesch fir Ă«mmer. Ausser DĂ©ngscht gestallt droe si bedeitend zum Weltraumschrott bĂ€i. Den Diagramm weist d'LiewenszĂ€iten. Jee mĂ©i SonnenaktivitĂ©it, Ă«msou mĂ©i grouss deent sech d'AtmosphĂ€r aus, Ă«msou grĂ©isser ass hiren Afloss op mĂ©i hĂ©ich Bunnen. De KnĂ©cks an der Kurv weist dĂ©i verklengert SonnenaktivitĂ©it all 11 Joer.
Och d'Satellittengeometrie beaflosst d'Reiwung. Wat méi kleng d'Mass a wat méi grouss de Stréimungsquerschnëtt an d'Vitess relativ zu der AtmosphÀr (ballistesche Koeffizient), ëmsou méi grouss ass d'Reiwung, domat d'Verklengerung vun der Vitess an domat och d'Ofhuele vun der Bunnhéicht. Bei der Internationaler Raumstatioun kann déi mëttel Reiwung eleng duerch optiméiert Stellung vum Solarpanéil op der NuetsÀit ëm 30 % reduzéiert ginn (sog. Night Glider mode).

Eng Virausso iwwer d'Ofstuerzplaz vun engem Satellit op d'Ăerd ass praktesch net mĂ©iglech. D'Bild weist als Beispill de Satellit ROSAT, deen am Oktober 2011 ofgestierzt war. WĂ€rend enger 5-stĂ«nneger Observatioun hat de Satellit dĂ©i als rout markĂ©iert Buedemspur zerĂ©ckgeluecht. D'Opschlagzon fir dĂ©i verschidde Wrackdeeler formen Ă«mmer eng laanggestreckten Ellips a Bunnrichtung. Fir d'Opschlagsplaz op engem Ăerddeel anzegrenzen, misst d'Prognos fir e Satellittenofstuerz op 15 Minutte genee sinn. Selwer bei wĂ©inegen Deeg virum Verglouse si BunnestĂ©ierungen an d'Wiesselwierkungen mat der AtmosphĂ€r ze grouss, fir den AschlagszĂ€itpunkt anzegrenzen. D'Inklinatioun vun der Satellittebunn bestĂ«mmt, wĂ©i eng Breeten net iwwerflunn ginn an aus der Risikozon eraus sinn. Bei engem polare Satellit mat bal 90° Inklinatioun ass et dĂ©i ganz ĂerduewerflĂ€ch, bei ROSAT mat 53° Inklinatioun de BerĂ€ich tĂ«scht 53° Nord an 53° SĂŒd.
Visualitéit mat bloussem A
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]Satellitten an aner Objeten an niddregen Ămlafbunne sinn typescherweis aus Metall hiergestallt, soudatt si d'Liicht gutt reflektĂ©ieren. Gi si vun der Sonn ugestraalt, gĂ«tt genuch Liicht reflektĂ©iert, soudatt si och mat bloussem A z'erkenne sinn. Dozou mussen allerdĂ©ngs en ettlech Bedingungen erfĂ«llt sinn: Op dem Buedem muss et schonn donkel genuch sinn, fir datt sech de Liichtreflex vum Himmelshannergrond ofhiewe kann; de Satellit muss awer nach voll vun der Sonn ugestraalt sinn. DĂ«s bĂ©id Bedingunge sinn nĂ«mme glĂ€ich no SonnenĂ«nnergank oder direkt viru Sonnenopgank ginn, wann et um Buedem Nuecht ass, awer d'Sonn an der HĂ©icht vum Satellit vun him aus gesinn nach iwwer dem Horizont steet. DĂ©i drĂ«tt Bedingung ass, datt de Satellit zu dĂ«sem ZĂ€itpunkt och d'Siichtfeld vum Observateur duerchschneide muss, dat, wĂ©i weider uewen ausgefouert, net allze grouss ass. Somat erreecht e Satellit eng bestĂ«mmt Regioun ofsĂ€its vum Equator nĂ«mmen a grĂ©isseren ZĂ€itofstĂ€nn zu de genannte passenden ZĂ€iten, kuckt als Beispill d'ISS. DĂ©i vĂ©iert Bedingung ass einfach, datt d'Wolleken d'Siicht net verspĂ€ren.
Fir den Observateur entsteet d'Problem, sou Satellittereflexer vu Fliger z'ënnerscheeden. Satellitten erschéngen dobÀi méi séier a méi reegelméisseg an hirer Beweegung, si sinn typescherweis nëmme wéineg Minutten am Siichtfeld. Ausserdeem hu se keng Blénkliichter wéi normal Fligeren.
Fir d'ISS gëtt et WebsÀite mat Termindonnéeë[4][5][6] fir déi kommend Siichtungsméiglechkeeten.
Eppes Spezielles stellen déi sougenannt Iridium-Flaren duer, déi entstinn, wann d'Satellitte vum Iridium-Satellittentelefonsystemer fir een Ament d'Sonn genee zum Observateur reflektéieren. Den Effet ass sou aussergewéinlech staark, well dës Satellitten eng ganz grouss, flaach, reflektéierend FlÀch opweisen.
Literatur
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Oliver Montenbruck u.a.: Satellite orbits - models, methods, and applications. Springer, Berlin 2001. ISBN 3-540-67280-X
- Byron D. Tapley u.a.: Statistical orbit determination. Elsevier Acad. Press, London 2004. ISBN 0-12-683630-2
- Guochang Xu: Orbits. Springer, Berlin 2008. ISBN 3-540-78521-3
- F. O. Vonbun u.a.: Orbit determination accuracies using satellite-to-satellite tracking. in: IEEE Transactions on Aerospace and Electronic Systems. Bd AES-14, Ausg. Nov. New York 1978, S. 834-842. ISSN 0018-9251 (abstract)
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]- Bernd Leitenberger: Ămlafbunnen
- (en) AMSAT: Software fir d'Satellittenobservatioun
Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- â Munich Aerospace: Sicherheit im Orbit. (ofgeruff den 3. November 2012)
- â Spiegel online: Raumtransporter ATV-3 dockt an ISS an, 31. MĂ€erz 2012 (ofgeruff den 3. November 2012)
- â Hans-Martin Fischer: EuropĂ€ische Nachrichten-Satellitten Von Intelsat bis TV-Sat. Stedinger Verlag, Lemwerder 2006. ISBN 3-927697-44-3
- â Heavens-Above â Iwwersiicht iwwer Ămlafbunn an ObservatiounsmĂ©iglechkeete vun der ISS (en)
- â Calsky â ĂmfangrĂ€ich SĂ€it zu der Bunnberechnung vu Satellitten (Mat StĂ€rekaart)
- â Satellite Sighting Information â ZĂ€iten a Plaze vun der ISS a Shuttles um Nuetshimmel