Robert Golob
| Robert Golob | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
23. Januar 1967 Šempeter pri Gorici |
| Alter | 59 Joer |
| Nationalitéit | Slowenien |
| Educatioun |
Universitéit vu Ljubljana, Nova Gorica Grammar School |
| Aktivitéit | Politiker, Elektroingenieur |
| Partei | Gibanje Svoboda |
| Fonctioun | Premierminister vu Slowenien |
| Liewenspartner(in) | Tina Gaber |
|
| |
De Robert Golob, gebuer den 23. Januar 1967 zu Šempeter pri Gorici, ass e sloweenesche Politiker. Hien ass zanter Januar 2022 President vun der gréng-liberaler Partei Gibanje Svoboda.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]De Golob huet bis 1994 op der Universitéit Ljubljana Elektrotechnik studéiert, an och do promovéiert. Dono war e mat engem Fulbright-Stipendium Gaaschtdozent um Georgia Institute of Technology zu Atlanta. Vu Mee 1999 bis Juni 2000 war hie Staatssekretär am sloweenesche Wirtschaftsministère. 2004 huet hie mat aneren déi sloweenesch Stroumversuergungsentreprise Gen-I gegrënnt, an där e 15 Joer laang President vum Conseil de Surveillance war.
Enn 2021 huet hien d'Entreprise verlooss fir an d'Politik ze goen. Hie gouf am Januar 2022 zum President vun der grénger Partei Z.DEJ gewielt, déi sech dunn a "Fräiheetsbeweegung" (Gibanje Svoboda) ëmgenannt huet. Hie war bei de Parlamentswalen am Abrëll 2022 hire Spëtzekandidat. D'GS krut mat 34,5 Prozent déi meescht Stëmmen.
Bei de Parlamentswale vun 2026 gouf seng Partei mat op en Neits stäerkste Kraaft, huet awer 12 % zur leschter Wal verluer. Den 22. Mee huet de Janez Janša hien als Premierminister ofgeléist.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Robert Golob – Biller, Videoen oder Audiodateien |
