Op den Inhalt sprangen

Dondel

Vu Wikipedia
Dondel
Kapell vun Dondel (Oktober 2008)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Dondelange
de: Dondelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Kielen
Buergermeeschter Félix Eischen (CSV)
Awunner 183
  1. Januar 2023
Koordinaten 49° 41’ 20’’ N
      06° 01’ 49’’ O

Kaart

Dondel ass eng Uertschaft an der Gemeng Kielen. Se lÀit op der Nationalstrooss 12, tëscht Koplescht a Buer.

Den hĂ©chste Punkt vun Dondel ass um Lieu-dit „GroussebĂ«sch“ op 370 Meter, dĂ©ifste Punkt ass de Lieu-dit „Brachwiss“ op 242 Meter iwwer dem Mieresspigel. Et ass dat eenzegt Duerf an der Gemeng Kielen, dat am Dall vun der Dondeler Baach lĂ€it. De groussen HĂ©ichtenĂ«nnerscheed ass domat z'erklĂ€ren, datt den Dall no Westen hin op den Äischdall opgeet, wĂ€rend et zu deenen aneren 3 SĂ€ite vun engem hĂ©ije Plateau Ă«mginn ass, op deem Keespelt, Meespelt, de Katrewang, Kielen an Nouspelt leien.

D'Nationalstrooss 12 fĂ©iert duerch d'Duerf, laanscht d'Dondeler Baach, dĂ©i beim Lieu-dit „Brachwiss“ an d'Äisch flĂ©isst. Eng zweet kleng Baach, d'Uesbech, kĂ«nnt duerch eng Zoch vum KlĂ©ngelbuer bei Nouspelt erfort a leeft zu Dondel bei der Kapell an d'Dondeler Baach dĂ©i vu Meespelt kĂ«nnt.

Dondel ass en Duerf dat warscheinlech an der keltescher ZÀit gegrënnt gouf.

DĂ©i Ă©ischt KĂ©ier gĂ«tt dâ€ČDuerf 1463 genannt. Et louch deemools op der Grenz tĂ«scht der Herrschaft vun Aansebuerg an der Vogtei vu LĂ«tzebuerg. Op d'mannst vum 13. Joerhonnert u goufen um Terrain vun Dondel 2 KĂ€remille bedriwwen, duerch dĂ©i d'Duerf bekannt war. Et waren dat dĂ©i iewescht an dĂ©i Ă«nnescht Millen. DĂ©i iewescht Millen ass nĂ«mme vun der Dondeler Baach ugedriwwe ginn, wĂ€renddeem dĂ©i Ă«nnescht Mille vun deenen zwou Baache gespeist gouf. BĂ©id Millen existĂ©ieren haut net mĂ©i.

Ëstlech vum Zesummefloss vun den zwou Baache leien d'Gebaier vum Dondeler Schlass. Et ass aus dem 17. Joerhonnert a gouf wĂ©i et schĂ©ngt vun engem vum Napoleon senge Receveure gebaut an huet duerno Ă«. a. als Bauerenhaff gedĂ©ngt[1]. 1977/78 gouf d'Schlass an e Luxushotel Ă«mgebaut, deen am Juli 1978 ageweit[2] an awer schonn d'Joer drop a Faillite war. Duerno gouf d'Gebai Ă«mgebaut an haut sinn Appartementer dran[3].

KuckeswÀertes

[Ànneren | Quelltext Ànneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext Ànneren]
  1. ↑ (de) Luxemburger Wort, Luxushotel „ChĂąteau de Dandel" vor dem Bankrott? Handelsgericht Luxemburg verfĂŒgte „Saisie conservatoire“, die gestern an Ort und Stelle vollzogen wurde.. Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg, (18.01.1979). Gekuckt den 18.04.2022.
  2. ↑ (de) Luxemburger Wort, Luxushotel in Dondelingen mit Feuerwerk eröffnet. Luxemburger Wort, 131. Jg., n° 166, S. 8. (24.07.1978). Gekuckt den 18.04.2022.
  3. ↑ RĂ©sidences IHP. www.ihp.lu ArchivĂ©iert den 28.03.2022. Gekuckt den 18.04.2022.